Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.402 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
- … op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
- … de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
- … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
Artikel vun der Woch
Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.
Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gi war. D'Nofollgergesellschaft ArcelorMittal bedreift haut nach en Elektro-Stoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen am Weste gëtt, nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, zanter 2001 duerch d'Gesellschaft Agora, an där de Staat an d'Arbed vertruede sinn, no engem Masterplang vu Jo Coenen & Co urbanistesch entwéckelt, fir dass um Enn eng 7.000 Leit do wunnen an der 25.000 do schaffen kënnen. Fir déi staatlech Infrastrukturen, haaptsächlech d'Gebaier vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation, ass de Fonds Belval, en ëffentlecht Etablissement, zoustänneg. De Rescht si privat finanzéiert Projeten.
Zanter 2004 si Wunnengen, Geschäfter, Büroen, Kultur-, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen entstanen, respektiv nach am Bau. 2015 ass d'Uni Lëtzebuerg an hiert neit Gebai, d'Maison du savoir, geplënnert... > méi

Op engem 25. Juni
- 1741: D'Maria Theresia vun Éisträich gëtt zum Kinnek vun Ungarn gekréint.
- 1852: Gebuert vum spueneschen Architekt Antoni Gaudí.
- 1903: Den englesche Schrëftsteller George Orwell gëtt gebuer.

- 1926: Déi éisträichesch Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann kënnt op d'Welt.
- 1928: Doud vum lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker Léon Metz.
- 1950: Déi nordkoreanesch Arméi iwwerfällt Südkorea; Ufank vum Koreakrich.
- 1975: Mosambik gëtt onofhängeg vu Portugal.
- 1991: Kroatien a Slowenien ginn onofhängeg.
Kierzlech Verstuerwen

- 22. Juni: Alan Greenspan, US-amerikanesche Ekonomist.
- 15. Juni: Abdullah Ibrahim, südafrikanesche Museker a Komponist.
- 11. Juni: David Hockney, brittesche Kënschtler.
- 6. Juni: Alan Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comics-Auteurin a Filmregisseurin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
